Schuster-Linn

D'Schusterlinn

D'Schuster-Linn war eng Verdeedegungslinn déi zu Lëtzebuerg kuerz virum Zweete Weltkrich opgeriicht gi war. Si war nom lëtzebuergesche Baukondukter Joseph Schuster benannt ginn.

Déi Linn huet haaptsächlech aus Bëtongsblockaden oder Eisepaarten op de Grenzbrécke mat Däitschland bestanen. Am Land waren och op e puer Plazen d'Stroossen no Frankräich an Däitschland mat Bëtongsbléck verbarrikadéiert ginn. E groussen Afloss op d'Weiderkommen vun der Wehrmacht hat se net. D'Eisepaarte goufen einfach ofmontéiert, a bei de Bëtongsbléck goufe Rampe gebaut fir driwwer ze kommen, oder se goufen do wou et méiglech war ewechgesprengt.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne