Seechen

Am éischte Sënn vum Wuert ass eng Seechen eppes Geschwates.

An engem méi spezifesche Sënn ass eng Seechen e Sammelbegrëff fir mëndlech iwwerliwwert Erzielungen, an deenen e Fonke Wourecht ass. Dee Moment stellt sech d'Seechen am Wourechtsgehalt iwwer d'Märchen.

Grondsätzlech kann een tëscht Volleksseechen an Eepos ënnerscheeden.

Den Inhalt oder d'Motiv vun enger Volleksseeche kënne vun anere Kulturen oder Vëlker iwwerholl sinn (Wanderseechen), mä ginn awer meeschtens mat lokale Spezifizitéite vermëscht.

Bei der eepescher Seechen handelt et sech éischter ëm eng archaesch Form vu Geschichtsschreiwung aus Zäite wou sech d'Noriichten nach vu Mond zu Mond verbreet hunn. Iergendwa goufen dës Noriichten dann an enger Konschtform néiergeschriwwen. Dozou gehéiert d'nordesch Saga, d'Artusseechen an d'griichescht Eepos.

Eng Seechen ass - anescht wéi e Märchen - enk mat enger Plaz oder engem Datum verbonnen, an tëscht dëser Welt an der nächster gëtt e groussen Ënnerscheed gemaach.

Wann eng Seechen entsteet, vermësche sech dat Objektiivt a Subjektiivt därmoossen, datt eppes Iwwernatierleches de Kär vun der Seeche gëtt.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne