Milva

Milva
Gebuertsnumm Maria Ilva Biolcati
Pseudonym Milva, La Rossa, La Pantera di Goro
Gebuer 17. Juli 1939
Gestuerwen 23. Abrëll 2021
Mailand
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Operesänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler, Televisiounsmoderateur, Sänger, Schauspiller
Famill
Liewenspartner(in) Luigi Pistilli
Kanner Martina Corgnati
D'Milva, 2009

D'Milva, gebuer de 17. Juli 1939 als Maria Ilva Biolcati zu Goro, a gestuerwen den 23. Abrëll 2021 zu Mailand, war eng italieenesch Sängerin a Schauspillerin. Si huet och an anere Sproochen, wéi Däitsch oder Franséisch, gesongen, an hat deementspriechend och Succès baussent Italien. Si hat de Spëtznumm la Rossa ("déi Rout") net nëmme wéinst hirer Hoerfaarf, ma och wéinst hirem politeschen Engagement.[1]

Si huet ënner anerem Texter vum Mikis Theodorakis a Lidder aus dem Bertolt Brecht senger Dreigroschenoper gesongen, an huet an den 1980er Joren och a Filmer matgespillt.

Zu Lëtzebuerg hat si e puer Optrëtter, ë. a. um Wolzer Festival an eng lescht Kéier mat Brecht-Lidder am Escher Theater.[2]

  1. Italienische Sängerin und Schauspielerin Milva ist tot (Nachruf im Spiegel)
  2. "Gestorben 2021: Um Fausti, Lofy und viele andere trauert die Kultur." wort.lu, 31.12.2021.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne