Regierung Juncker-Poos

De Jean-Claude Juncker an de Jacques Poos (1997)

D'Regierung Juncker-Poos, eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, gouf de 26. Januar 1995 vereedegt, nodeems de Jacques Santer vu senger Funktioun als Premier zeréckgetruede war, fir President vun der Europäescher Kommissioun ze ginn.

Si huet aus 11 Ministeren an engem Staatssekretär bestanen.

De 4. Februar 1998 ass se ëmgebilt ginn, wéi de Marc Fischbach an de Johny Lahure demissionéiert hunn. Si goufen ersat duerch de Luc Frieden, deen dem Fischbach seng Portefeuillen iwwerholl huet, an d'Lydie Err, déi dem Georges Wohlfart seng Portefeuillen iwwerholl huet, dee sengersäits fir Gesondheet a Sport zoustänneg gouf. De Ressort vun der Ëmwelt goung un den Alex Bodry. D'Lydie Err an de Luc Frieden waren den 30. Januar 1998 vereedegt ginn.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne