Dezember

1
2 3 4 5 6 7 8
9 10 11 12 13 14 15
16 17 18 19 20 21 22
23 24 25 26 27 28 29
30 31  
Duerstellung vum Dezember am Les Très Riches Heures du duc de Berry

Den Dezember (Chrëschtmount) ass den zwieleften a leschte Mount am Gregorianesche Kalenner.

Den Numm kënnt aus dem laténgeschen decem (zéng), den Dezember war ursprénglech den zéngte Mount am ale Réimesche Kalenner.

An der nërdlecher Hemisphär ass den Dezember traditionell den éischte Mount vum Wanter.

Den alen däitschen Numm ass Julmond, wat dohier kënnt, datt d'Germanen am Dezember ëmmer hiert traditionellt Julfest gefeiert hunn.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne