Esch-Uelzecht

Esch-Uelzecht
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Esch-sur-Alzette
de: Esch-an-der-Alzette
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Christian Weis (CSV)
Awunner 37.455
  1. Januar 2024
Fläch 1.435 ha
Héicht 279 m
Koordinaten 49° 29’ 49’’ N
      05° 58’ 50’’ O
Telefonszon 24 53
Postcode 4010-4074, 4080-4086, 4088
LAU-Code LU0204
Websäit http://www.esch.lu
Vue op Esch ëm 1600, vum Dipbechdall (Wobrécken) aus
Esch-Uelzecht, 1860. Déi al Kierch St. Jean stoung do, wou haut d'Groussgaassschoul ass
De Krounprënz Wilhelm von Preußen, 1914, virun der Groussgaassschoul
Bebauungsplang vum Joseph Stübben, 1924-25 (spéider nëmmen zum Deel ëmgesat).
Esch ~1900-1910.

Esch-Uelzecht ass eng vun den 100 Gemengen an eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Et gëtt keng aner Uertschaften an der Gemeng. Mat 37.455 Awunner (1. Januar 2024) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Laang en einfacht Bauerendierfchen, am Dall vun der Uelzecht, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minett (ëm 1870), an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebrooche sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Sou ginn a goufen zanter 2005 op Belval nei administrativ, kulturell an edukativ Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter gebaut. Zanter der Mëtt vun den 2020er Jore gëtt um fréiere Site vu Terres-Rouges virun allem Wunnraum geschaf, an um Enn vun deem Joerzéngt soll och den Terrain vun der fréierer Metze Schmelz nei strukturéiert a bebaut ginn.

2022 war Esch, zesumme mam litauesche Kaunas, Europäesch Kulturhaaptstad, bei där och déi 10 Gemenge vum Gemengesyndikat PRO-SUD an déi vum Pays-Haut Val d'Alzette, déi Säit der Grenz, matgrmaach. hunn.[1]

  1. esch2022.lu.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne