Volleyball

Volleyball
Typ Ballsportaart, Mannschaftssport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 1964
Federatioun
International Fédération internationale de volleyball
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de volleyball
Ursprong
Ursprongsland Vereenegt Staate vun Amerika
Erfonnt 1895
Erfinder William G. Morgan
Aner Informatiounen
Spiller (Minimum) 12
Spiller (Maximum) 12
Gebraucht gëtt Volleyball, Volleyballsterrain
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Italien (2022)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Serbien (2022)


Volleyball ass eng Ekippesportaart aus der Grupp vun de “Réckschlospiller”, bei där sech zwou Ekippe vu sechs Spiller op engem Terrain géintiwwerstinn, deen duerch en Netz gedeelt ass.

Zil vum Spill ass et, de Volleyball ënner Asaz vum ganze Kierper iwwer d'Netz op de Buedem vum géignereschen Terrain ze schloen. Gläichzäiteg geet et awer och dorëms, ze verhënneren, datt dem Géigner genee dat selwecht geléngt. All Ekipp däerf de Ball maximal dräimol (an eng Kéier am Block) beréieren, fir en op déi aner Säit ze kréien.

Volleyball kënnt ursprénglech aus den USA a gëtt weltwäit gespillt. De Weltverband (Fédération internationale de volleyball (FIVB)), dee säi Sëtz an der Schwäiz huet, ass mat 218 Natiounen[1] dee Verband mat de meeschte Memberlänner.

Volleyball ass mat geschaten 800 Millioune Participanten, wouvun der geschat ronn 350 Millioune reegelméisseg spillen, de fënneftpopuläerste Sport op der Welt[2].


  1. FIVB Directory. www.fivb.com. Gekuckt de(n) 2023-12-27.
  2. (en)Exploring The Growing Popularity Of Volleyball Around The World | VanguardVolleyball.com (2023-12-26) Archivéiert de(n) 2023-12-27. Gekuckt de(n) 2023-12-27.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne